Wann Dir op d'Bild klickt, gesidd Dir e Stâdtplang vun Innsbruck
Jesuitekiirch ass eng vun den zentrale Kiirchen vun Innsbruck. Sie ass der hëlleger Dreifaltegkeet geweiht. Sie gët als Universitéitskiirch genotzt an ass de Mëttelpunkt vun vill pastoral a kunstleresch Aktivitéiten. Fir d'Land Tirol huet Jesuitekiirch eng besonnesch Bedéitung: Héi gët all Joer d'Häerz-Jesu-Verspriechen vum Land ernéiert.
D'Jesuitekiirch gouf tëschent 1627 an 1640 gebaut. D'Tierm, esou wéi een se haut gesäit, sin eréischt 1901 fäerdeg gin. Am Joer 2003/04 gouf den Interieur vun der Kiirch renovéiert. An der Zäit ass och den Héichaltoer, den am 2. Weltkrich zerstéiert gouf, erem opgebaut gin an een neien Volleksaltoer ass opgericht gin. An dem Zoch ass ganz no beim Hâptagang een neien Zougang zou der Krypta gebaut gin. Hei an der Krypta befannen sech d'Griewer vun de verstuerwenen Innsbrucker Jesuiten a vun de Grënner vun der Kiirch dem Leopold V an der Claudia vu Medici. Am Tuerm vun der Jesuitekiirch hänkt déi véiertgréisst Klack vu ganz Eisteräich (9.200 kg schwéier; nom Pummerin am Wiener Stephansdoum, der Salvatorklack am Salzbuerger Doum an der Friddensklack vu Mösern).
Regelméisseg Massen an der Jesuitekiirch
Sonndes
Samsdeg
18.00 Auer 19.00 Auer
Mass op Englesch (an der Krypta) Virowendmass
Sonndeg
11.00 Auer 18.00 Auer 21.30 Auer
Hâptmass mat der Universitéitspriedegt Eucharistiefeier Eucharistiefeier
Wierdes
All Dâg
7.30 Auer 19.00 Auer
Eucharistiefeier (an der Krypta) Eucharistiefeier
Mëttwochs
18.15 Auer
Ökumeneschen Owesluew
Donneschdeg
20.30 Auer 21.30 Auer
Stëll Gebiedzäit vrum Hëllege Sakrament (an der Krypta) Eucharistiefeier (an der Krypta)